Edsger W. Dijkstra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Edsger Wybe Dijkstra (* 11. Mee 1930 zu Rotterdam; † 6. August 2002 zu Nuenen, Holland) war en hollänneschen Informatiker. 1972 krut hien den Turing-Präis fir fundamental Beiträg am Beräich vu Programméiersproochen.
Den Edsger Dijkstra war Fils vun engem Chemiker an enger Mathematikerin. Hien huet op der Universitéit Leiden Mathematik an theoretesch Physik studéiert an huet séier gemierkt, datt hien u Programmatioun interesséiert war (gëllt als éischten hollännesche Programméierer). Hien huet op der Universitéit vun Eindoven geschafft, ier een 1984 op den Schlumberger Centennial Chair in Computer Sciences op d'Universitéit vun Texas gewieselt ass. Am Joer 1999 ass hien emeritéiert ginn an ass am August 2002 a senger Heemecht u Kriibs gestuerwen.
Zu senge Bäiträg zur Informatik zielt ënnert anerem den Dijkstra-Algorithmus zur Berechnung vu kierzeste Weeër a Graphen, souwéi d'Formuléierung vum dining philosophers problem an Zesummenhang mat Semaphoren. Hien huet de Begrëff vun der strukturéierter Programmatioun an der Informatik agefouert.
[Änneren] Um Spaweck
- Seng perséinlech Homepage
- Publikatioune vun him um DBLP-Server