Dresden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland: | Sachsen |
Landkrees: | Kreesfräi Stad |
Koordinaten: | 51° 03’ 03’’ N 13° 43’ 58’’ O |
Fläch: | 328,30 km² |
Awunner: | 500.068 (30.Juni 2006) |
Bevëlkerungsdicht: | 1.523 / km² |
Héicht: | 113 m i. NN |
Buergermeeschter: | Ingolf Roßberg (FDP) |
Dresden (sorbesch: Drježdźany; ofgeleet aus dem alsorbeschen Drežďany fir Sompf-Awunner, tschechesch: Drážďany) ass d'Haaptstad vum Fräistaat Sachsen an Däitschland.
Dresden läit un der Elbe, nordwestlech vun den Elbsandsteebierger, Dresden ass de politischen a kulturellen Zenter vum Fräistaat Sachsen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Geschicht
Geschicht vun Dresden an der Däitscher Wikipedia (Grondleeënden Bäitrag)
Den Numm Dresden kënnt vum Slaweschen hir a weist op eng suppeg Landschaft (dt. " Sumpfwald ") hinn. Um Gebitt vun der Stad Dresden ginn et Iwwerräschten vun engem Tempel, deen op d'Joer 4800 v. Chr. zereckgeféiert get. D'Stadgebitt gouf an der Steenzäit weider besiedelt.
Déi eigentlech Grënnung vun Dresden soll am Joer 1173 erfollegt sinn. An engem Dokument vun 1216 gett fir d'éischt vun Dresden an engem schrëftlechen Dokument riets a méi besonnesch vun der Kräizschoul um Stadgebitt Blasewitz/Striesen.
[Änneren] Dresden am Mëttelalter
Am Mëttelalter huet sech d’Entwécklung vun der Stad besonnesch op den Deel um lénken Uwänner beschränkt. Den Ausbau vun der Stad an déi kommerziell Entwécklung huet vill Zäit gebraucht.
Ëm 1500 hat d’Stad Dresden mat den Uertschaften rondrëm ongeféier 6.000 Awunner.
[Änneren] Dresden ënnert dem August dem Starken
Déi schéinste Period ass fir d’Stad ënnert der Regierung vum Friedrich Augusts I. (genannt de "Starken"), dee spéider och Kinnik vu Pole ginn ass, ugang. Eng Partie Gebaier, wéi d’Haffkierch an aner Barock-Bauwierker, ginn op déi Zäit zeréck. Am Laf vun dësem Opschwong huet d’Populatioun sech vun 1700-1755 op 63 000 Awunner verdräifacht.
[Änneren] Dresden an der napoleonescher Zäit
Am Joer 1813 stong d’Stad am Mëttelpunkt vun de Krichshandlungen vum Napoleon, deen op den zwou Säite vun der Elb seng Arméien opgestallt hat. Fir Dresden war dat eng ganz turbulent Zäit.
Ënnert der Regierung vum Kinnik Johann (1854-1873) huet Dresde sech zu sengem Avantage weiderentwéckelt.
[Änneren] Dresden am Zweete Weltkrich
Wéi den Zweete Weltkrich ugaangen ass, war Dresden mat 642.143 Awunner déi siwentgréisst däitsch Stad. Bis an den August 1944 war d'Stad Dresden vun Bombardementer aus der Loft verschount bliwwen, well se net am Perimeter vun den alliéerte Bommefliger louch. Dat heescht datt am Hierscht 1944 Dresden déi lescht méi grouss Industrie- a Verwaltungsstad a Verkéierszentrum war, déi bis du vum Krich verschount bliwwe war.
Wa vum August 1944 un, Dresden och net méi viru Bombardementer aus der Loft sécher war, da waren d'Bombardementer vun alliéierte Fliger vum 13. a 14.Februar 1945 trotz allem vun engem onerwaarten Ausmooss. Betraff war dat 15 km² grousst Stadgebitt am Zenter vun Dresden. Dobäi goufen déi meescht historesch Barock-Gebaier a vill Konschtschätz komplett zerstéiert. Well och Splitter- a Brandbommen agesat goufen, war d'Zuel vun den Affer héich. Déi genee Zuel vun Doudegen konnt ni offiziell festgestallt ginn, well deemools vill Flüchtlingen, op der Flucht virun de russeschen Truppe sech zu Dresden opgehal hunn, an do net registréiert waren. No den allgemengen Schätzungen sollen ëmmerhin 24 000 Mënschen, oder méi, bei dëse Bombardementer ëm d'Liewen komm sinn.
[Änneren] Wirtschaftspolitesch Bedäitong
[Änneren] Kultur
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
- Meissen a seng berühmt Parzeläinmanufaktur
- D'Sächseg Schwäiz, besonnesch Bad Schandau, Heidenau a Pirna
- Radebeul an säi Karl May Musée
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Annaberg | Aue-Schwarzenberg | Bautzen | Chemnitzer Land | Chemnitz | Delitzsch | Döbeln | Dresden | Freiberg | Görlitz | Hoyerswerda | Kamenz | Leipziger Land | Leipzig | Löbau-Zittau | Meißen | Mëttleren Erzgebirgskrees | Mittweida | Muldentalkrees | Nidderschleseschen Oberlausitzkrees | Plauen | Riesa-Großenhain | Sächsesch Schwäiz | Stollberg | Torgau-Oschatz | Vogtlandkrees | Weißeritzkrees | Zwickauer Land | Zwickau
Ballungsräim: Ballungsraum Chemnitz-Zwickau | Ballungsraum Dresden | Ballungsraum Leipzig-Halle
Uewerzentren: Chemnitz | Dresden | Halle (Saale) | Leipzig | Zwickau