Chrëschtlech Solidaritéit International
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi Chrëschtlech Solidaritéit International, CSI asbl, ass eng lëtzebuergesch Netregierungsorgansiatioun, déi 1989 gegrënnt gouf.
CSI schafft 2008 a Vietnam, Burundi, Kongo, Sudan, Brasilien a Peru, dëst virun allem an de Sekteuren Educatioun/Formatioun a Gesondheet. 2007 sinn an déi verschidde Projeten méi wéi 600.000 Euro gefloss. Am Domaine vun de Mënscherechte sensibiliséiert CSI virun allem fir d'Reliounsfräiheet. Am Beräich vun der "Educatioun fir d'Developpement" publizéiert CSI am Juni 2008 en neit Buch fir Kanner am Primärschoulalter "Mission: Stopp die Armut!".
CSI gëtt geleet vun engem Verwaltungsrot vu siwe Memberen.