Apollo-Asteroiden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Apollo-Asteroiden bezeechent een Objete mat Bunnhallefachsen baussescht eiser Äerdbunn an Exzentrizitéiten, déi ausreechen fir trotzdeem Periheldistanzen bannescht der Äerdbunn ze erreechen. Asteroiden vum Apollo-Typ kräizen dofir d’Äerdëmlafbunn a ginn nom (1862) Apollo benannt. Hir Bunnen hunn e Perihel ënner 1,017 AE, wat der Aphel-Distanz vun der Äerd entsprëcht. E puer Objete kënnen am Perihel souguer bannescht d’Venus-Ëmlafbunn kommen. Apollo-Asteroiden sinn Äerdbunnkräizer a biirgen gewësse Risiken mat sech. Esou besteet d’Méiglechkeet fir en Aschlag op eiser Äerd. Den Apollo-Asteroid (29075) 1950 DA war dat éischt Objet, fir dat e positive Wäert op der Palermo-Skala fir Aschlagsrisiken ermëttelt goufen.
D’Bunnbestëmmungen hunn gewisen, datt d’Asteroiden vun der Haptceinture opgrond vu gravitative Stéierungen vum Jupiter op Apollo-Bunnen iwwergoe kënnen. E Beispill dofir sinn d’Alinda-Asteroiden zu deenen e puer Objete vum Apollo-Typs wéi z. B. den (4179) Toutatis gehéiert. Si bewegen sech an 3:1-Resonanz zum Jupiter a ginn esou an hirer Bunn gestéiert, wouduerch d’Exzentritàiten dës Objete bestänneg erhéicht ginn, bis d’Resonanz bei engem Nokommen un engem banneschtem Planéit opgeléist ginn.
De gréissten Apollo-Asteroid ass den (1866) Sisyphus mat 8,5 km Duerchmiesser. Weider bekannte Vertrieder sinn den (2102) Adonis an den (69230) Hermes, deen 1937 an 1,5-facher Mounddistanz vun eiser Äerd laanscht gezunn ass an duerno verluer gaangen ass. Eréicht am Joer 2003 gouf hien erëm fonnt. 1990 waren 63 Apollo-Asteroiden bekannt, 1999 schonns 415, am November 2003 huet den Minor Planet Center (MPC) 1190 matgedeelt an am August 2006 waren et der 2170. D’Zuelen verdoppelen sech also ronn all zwee Joer.