Service d'Aide Médicale Urgente
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Service d'Aide Médicale Urgente, kuerz SAMU, gëtt et zu Lëtzebuerg zënter 1989 a Kooperatioun mam Ministère de la Santé an der Protection Civile.
De SAMU kënnt entweder geflunn oder gefuer. Dobäi ass de SAMU net eng Persoun, et sinn der opmannst zwou. Als éischt ass e Fachdokter fir Anästhesie, dann en Infirmier an e Pilot oder en Chauffeur, ofhängeg vum Gefier. De SAMU Lëtzebuerg as besaat mat engem Dokter fier Anesthésie, engem infirmier Anesthésiste an engem Chauffeur vun de Beruffspompjeen. Zu Esch/Uelzecht an zu Ettelbreck as et just en Infirmier Anesthésiste an en Dokter dei erausfueren
De SAMU gëtt entweder geruff vun der Equipe vun enger Ambulanz oder direkt vum 112 matgeschéckt, wann deen zoustännegen Operateur bei der Meldung um Telefon eraushéiert, datt déi Persoun an Nout medezinesch Betreiung bräicht.
[Änneren] SAMU um Buedem
De SAMU op véier Rieder erkennt een un dem opfällege BMW X5 mat der Opschrëft SAMU. Dëst Gefier nennt een NEF, en Notarzteinsatzfahrzeug. Fréier wor de SAMU mat Volvo V70 ënnerwee, virdru mat BMW 525, an nach virdru mat Audi. Dobäi kann ee mat deenen Autoe keng Patienten transportéiren, si déngen nëmmen dem Transport vu medezineschem Material an dem Personal. D'SAMU-Autoe sinn an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck an deene Spideeler déi Déngscht hu stationnéiert.
Ausgerüst sinn d'BMW X5 SAMU NEF mat folgendem Material:
- 2 Defibrillatoren/EKG vum Typ ZOLL CCT M
- 2 Perfusoren (Dual)
- Beotmungsapparat Dräger Oxylog 3000
- Noutfallrucksak mat Intubatiounsgeschier a weiderem
- Kapnometer
- Medikamenter
- Perfusiounen
- Waliss fir Chirurgesch Noutfäll
- Funk
- GPS
- GSM
[Änneren] SAMU aus der Loft
D'Luxembourg Air Rescue stellt fir de SAMU véier Helikopteren. Si fléie vu Sonnenopgank bis Sonnenënnergank. Am Dag si si stationéiert zu Ettelbréck an an der Stad. All Fleck am Land kann esou theoretesch a manner wéi 8 Minutten erreecht ginn. Am Asaz si véier Helikoptere vum Typ McDonnell Douglas 900 Explorer. Dësen Typ vun Helikopter huet deen extrem grousse Virdeel, datt hannen net wéi üblech en Heckrotor sëtzt, mee eng Düüs. De Virdeel dora läit, datt wann ee mam Heck en Objet (zum Beispill eng Mauer) touchéiert, den Helikopter am Optimalfall manner Schued hellt wéi mat engem klasseschen Heckrotor. Am Helikopter selwer sinn op klengstem Raum EKG, Defi, Beotmungsapparat a Medikamenter verstaut. D'Helikopteren verfügen ausserdeem deelweis iwwert eng Seelwann déi dann zum Asaz kënnt, wann de Pilot keng Méiglechkeet gesäit ze landen. D'Helikoptere fléien awer net nëmme Primärasätz, dat heescht Rettungsasätz, mee och Sekundärasätz wéi Verleeungen, Transporter an sou weider.