Putsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Putsch oder Staatsstreech (fr:: Coup d'État) ass de Versuch vun enger Minoritéit, mat enger iwwerraschender, meeschtens mat Gewalt verbonnener Aktioun d'Regierung ze stierzen an d'Muecht am Staat diktatoresch ze iwwerhuelen.
Putschisten si meeschtens héich Militär oder Uféierer vu paramilitäreschen Organisatiounen. Dacks hëlt duerch e Putsch och eng Grupp d'Muecht, déi schonns Deeler vum Staat legitim kontrolléiert, z.B. wann eng Regierung oder e Regierungschef d'Parlament entmuecht, d'Legislativ deemno vun derExekutiv ausgeschalt gëtt. Dacks féiert e Putsch zu der Herrschaft vun engem autoritäre Regime, z.B. enger Militärdiktatur
[Änneren] Etymologie
D'Wuert "Putsch" kënnt aus der Schwäiz, et heescht souvill wéi Knuppert oder Poufert. 1839 war et zu Zürich zu engem Opstand komm, dee géint d'Regierung geriicht war. Duerch d'Zeitunge gouf de Begrëff am däitsch-, franséisch- an engleschsproochege Raum verbreet.
"Putsch" a "Staatsstreech" (Coup dÉtat) sinn net ganz dat nämlecht: Bei engem Putsch kënnt den Ëmstuerz vun der Regierung vu baussen (z.B. duerch d'Militär), bei engem Staatsstreech dogéint vu "bannen", zB duerch Membere vun der Regierung. De Begrëff Staatstreech geet zeréck op den Napoléon, dee 1799 d'Muecht a Frankräich iwwerholl huet.