Peloponnes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Statistiken | |||||
Haaptstad | Tripoli | ||||
Fläch (km²) | 21 379 | ||||
Bevëlkerung | 650.310 (2005) | ||||
Bevëlkerungsdicht (Aw./km²) | 42 | ||||
ISO 3166-2:GR |
|
||||
Um Spaweck | http://www.peloponnisos.gr |
De Peloponnes (Πελοπόννησος / Pelopónnisos) ass eng Hallefinsel an eng Verwaltungsregioun am Süde vu Griicheland.
Den Numm kënnt vun der mythologescher Figur Pelops, deen de Jong vum legendäre Kinnek Tantalos soll gewiecht sinn. Den zweeten Deel vum Numm ass dat griichescht Wuert fir "Insel", νήσος Nisos, also "Insel vum Pelops". Am Mëttelalter war fir de Peloponnes och den italieneschen Numm Morea geleefeg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Vum Festland ass de Peloponnes iwwer eng schmuel Landenkt vun ca. 6,3 km Breed, den Isthmos vu Korinth, z'erreechen, deen allerdéngs 1893 duerch de Kanal vu Korinth duerchgebrach ginn ass. Zënter 2004 ass de Peloponnes duerch déi 2,2 km laang Rio-Andirrio-Bréck tëscht den Uertschafte Rio an Andirrio mam Festland verbonnen.
De Peloponnes ass de südlechsten Deel vun der Balkanhallefinsel an domadder dat Gebitt, wat am wäitsten an d'Mëttelmier erageet. De südlechste Punkt vum Peloponnes ass de Kap Malea. Am Oste gëtt de Peloponnes duerch d'Ägäis an am Westen duerch d'Ionescht Mier begrenzt.
Aus Äerdgeschichtlecher Siicht war de Peloponnes ursprénglech eng Insel, déi awer am Laf vun der Zäit duerch d'Nord-Verschiebung vun der afrikanescher a saudiarabescher Plack un d'Festland gedréckt. Däitlech Spuere sinn un de ville Falebierger, déi nach relativ jonk sinn, z'erkennen. Dës Bierger ginn der Landschaft e charakteristescht Bild. Virun allem am Zentralpeloponnes (Arkadien) ass d'Géigend schwéier zougänglech, an duerch d'Bierger sinn zum Deel och Séier entstanen. D'Bierger ginn am Peloponnes bis op 2.400 Meter an d'Luut, den Dall dotëscht ass fir griichesch Verhältnisser ganz fruuchtbar.
Well d'Placke sech weiderhi bewegen, zielt de Peloponnes niewt Italien zu engem Risikogebitt fir Äerdbiewen an Europa.
[Änneren] Administratioun
Den Deel vum Peloponnes bild d'Verwaltungsregioun (περιφέρεια / periphéría) "Peloponnes" (Πελοπόννησος / Pelopónnissos) mat fënnef Präfekturen (νομοί / nomí), vun denen en Deel vun der Präfektur Korinthien och bis op d'griichescht Festland geet. D'Präfekturen Achaia an Elis bilden zesumme mat Ätoloakarnanien d'Verwaltungsregioun Westgriicheland. En Deel vun der Hallefinsel Methana an eng Küstesträif vun der Argolescher Hallefinsel wéi och d'Inselen am Saronesche Golf a virun der peloponnesescher Südostküst gehéieren zu der Verwaltungsregioun Attika.
[Änneren] Stied
- Egio (Αίγιο)
- Hermione (Ερμιόνη)
- Kalamata (Καλαμάτα)
- Korinth (Κόρινθος)
- Kranidi (Κρανίδι)
- Kyparissia (Κυπαρισσία)
- Methana (Μέθανα)
- Nafplio (Ναύπλιον)
- Patras (Πάτρα), zentralen Hafen (modern Transkriptioun: Pátra)
- Porto Heli
- Pylos (Πύλος)
- Sparta (Σπάρτη) (modern Transkriptioun: Spárti)
- Tripoli (Τρίπολις)
[Änneren] Geschicht
D'Franchthi-Höhl an der Argolis ass déi eelste Plaz a Griicheland, hei goufe prähistoresch Iwwerreschter (ëm 15.000 v. Chr.) fonnt. Am Altertum war de Peloponnes den Zentrum vun der Mykenescher Kutur, déi ëm 1100 v. Chr. abrupt op en Enn gaangen ass. Niewt den Dorer hunn am Nordweste vun der Hallefinsel d'Achaier gewunnt. An der klassescher Zäit stoung de Peloponnes ënner der Herrschaft vu Sparta, Am 5. Joerhonnert v. Chr. koum ët zu engem Krich géint Athen, an deem Sparta d'Uewerhand behalen huet.
Méi doriwwer am Artikel Peloponnesesche Krichan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Nom Fall vun dëser Polis an der Schluecht vu Leuktra 371 v. Chr. hat d'Arkadesch Liga d'Soen iwwer d'Hallefsinsel. No der Makedonenherrschaft hu sech Deeler vum Peloponnes zu der Achäiescher Liga zesummegedo, déi 146 v. Chr. vun de Réimer no der Zerstéierung vu Korinth opgeléist ginn ass.
Um Enn vun der Spéitantikitéit goufe grouss Deeler vun der Hallefinsel vu slawesche Gruppe bewunnt. Nodeems de Peloponnes joerhonnertelaang zum Byzantinesche Räich gehéiert hat, gouf d'Hallefinsel, déi och Morea bzw. Morée genannt gouf, 1204 vun de Kräizritter eruewert. D'Géigend rondërem Mystras war awer séier nees byzantinesch a gouf zu engem Zentrum vun der Hallefinsel, déi zum groussen Deel nees vun de Byzantiner zeréckeruewert ginn ass. Zënter dem 15. Joerhonnert huet de Besëtz tëscht Venedeg an dem Osmanesche Räich gewiesselt. Vu 1686–1715 war Morea fir d'éischte Kéier komplett eng venezianesch Provënz, no der Onofhängkeet vu Griicheland am Joer 1822 gou d'Hallefinsel ënner hirem antiken Numm en Deel vun neie Staat.
[Änneren] Bekannten algriichesch Stied
- Mykene
- Olympia (Zeushellegtum, hei goufen d'Olympesch Spiller vun der Antikitéit ausgedroen.)
- Tiryns
- Sparta
- Epidauros
- Maghoula-Galatas
- Methana
[Änneren] Wichteg Plazen aus byzantinescher Zäit
- Mystras
- Monemvasia
- Methoni
- Koroni
[Änneren] Geschichtlech wichteg Plazen
- Kalavrita
- Nauplion
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Peloponnes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (gr)
Peloponnisos.
Attika | Epirus | Ionesch Inselen | Kreta | Mëttelgriicheland | Nërdlech Ägäis | Ostmakedonien an Thrakien | Peloponnes | Südlech Ägäis | Thessalien | Westgriicheland | Westmakedonien | Zentralmakedonien