Leopold van Werveke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Leopold van Werveke (11. Februar 1853 zu Dikrech - 4. August 1933 zu Magdeburg), war e lëtzebuergesch-elsass-loutrengesche Geolog.
De Leopold van Werweke ass zu Dikrech op d'Welt komm, wou säi Papp Feldwebel am 2. Jeeërbatailloun war. Hien ass an d'Stad an de Kolléisch gaang an huet dono eng Léier beim Apdikter Mayer zu Eech gemaach. Hien huet dono zu Heidelberg virustudéiert a sech dann als Apdikter zu Iechternach installéiert. Mee d'Geologie huet en ëmmer méi intresséiert.
Hien huet dës Discipline zu Stroossbuerg studéiert an dës Studie mat enger Doktoraarbecht iwwer d'Munnerefer Waasser ofgeschloss. Hien ass zu Stroosbuerg bliwwen an ass, nodeems en d'Nationalitéit gewiesselt huet, do an de Staatsdéngscht getrueden. Fir d'éischt krut de Leopold van Werveke d'Verwaltung vun der geologescher Collectioun vun der Stroossbuerger Universitéit iwwerdroen. Spéider huet hie sech un Expeditiounen a Sumatra an a Java bedeelegt. 1903 gouf e kaiserlicher Bergrat, 1913 Geheimer Bergrat an 1914 Chef vun der Geologescher Landesanstalt vun Elsass-Loutrengen.
Nom Éischte Weltkrich ass en op Gengebach, a Baden, an no senger Pensionéierung op Magdeburg, wou seng Duechter gelieft huet, wunne gaangen. Och hei huet hien äerdeg virugefuerscht, bësonnesch den Diluvium vun Nord- a Mëtteldäitschland. Hien ass do 1933 gestuerwen.
Vun him erhale sinn eng Onmass vu wëssenschaftlechen Aarbechten.