Lëtzebuergesch Dictionnairen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi éischt Lëtzebuerger Dictionnairë ware Sammlunge vu Lëtzebuergesche Wierder, déi op däitsch (oder franséisch) iwwersat an erkläert goufen.
Deen éischten Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen, de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vum Jean-François Gangler, koum 1847 eraus. Den 19. Februar 1897 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, dat eng Dictionnairescommissioun an d'Liewe geruf huet behufs Sammlung und Aufzeichnung unseres nationalen Sprachschatzes. D'Aarbechte vun dëser Commissioun, déi ufanks aus 7, dono aus 10 Membere bestanen huet, hu sech 1906 am Wörterbuch der luxemburgischen Mundart konkretisiéiert.
1935 gouf eng nei Dictionnairescommissioun ernannt, déi am Kader vun der Sproochesektioun vum Institut Grand-Ducal geschafft huet. 1948, no der Ënnerbriechung duerch d'Krichsjoren, gouf se nei ernannt an huet hir Aarbecht nees opgeholl. 1950 konnt si den éischte Facicule vum bis ewell gréissten Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen, dem Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) virleeën. Dëse gouf 1995 als Nodrock an 2 Bänn ënnert dem Numm Lëtzebuerger Dixionär nei opgeluecht, gouf awer 1997 aus dem Verkaf gezunn, nodems déi onkritesch Sammlung vun antisemitesche Spréchelcher ënnert dem Lemma Judd staark kritiséiert gi war. En dierf awer nach fir wëssenschaftlech Zwecker bestallt ginn.
Méi doriwwer am Artikel Luxemburger Wörterbuchan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
1998 gouf de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrënnt, deen ë.a. domatter chargéiert gouf, un engem neien Dictionnaire ze schaffen. Basis soll d'Lëtzebuerger Handwierderbuch sinn, dat da spéider verdéift soll ginn.
Fir d'éischt war Rieds gaangen, et sollt parallel un zwee verschidde Wierker geschafft ginn; eent an engem Band, eng Zort "Volleksdictionnaire", an e "wëssenschaftlechen" ouni Récksiicht op de Verkafspräis an de Volume. Ufanks 2007 sollen déi zwéin éischt Buschtawen, A a B, online ze duerchkucke sinn, a vun der "wëssenschaftlecher Editioun" geet net méi Rieds.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Dictionnairen, déi vun anere Sproochen an d'Lëtzebuergescht iwwersetzen
An den 1970er Joren sinn déi éischt Dictionnairen an d'Lëtzebuergescht, vum Däitschen, du vum Franséischen, op de Maart komm. Méi spéit koumen, meescht zweesproocheg, Portugisesch-, Englesch-, Hollännesch-, Italienesch-, Ungaresch- a Rumänesch-Lëtzebuergesch Dictionnairen derbäi.
Si sinn an der Lëscht hei ënnendrënner opgezielt.
[Änneren] Lëtzebuerger Online Dictionnaire
- 2007 gouf e véiersproochege " Lëtzebuerger Online Dictionnaire", virleefeg an enger onkompletter Testversioun, vum Kulturministère online gesat.
Méi doriwwer am Artikel Lëtzebuerger Online Dictionnairean den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] Lëscht vun Dictionnairen (chronologesch)
- Gangler, Jean François, 1847. Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird, mit hochdeutscher und französischer Übersetzung und Erklärung. Lëtzebuerg.
- Wörterbuch der luxemburgischen Mundart, Lëtzebuerg 1906.
- Luxemburger Wörterbuch. 22 Fasciculen oder 5 Bänn, Lëtzebuerg 1950-1977. Nei opgeluecht (Nodrock) 1995 an 2 Bänn ënnert dem Numm Lëtzebuerger Dixionär.
- Rinnen, Henri & Will Reuland, 1973. Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch. Lëtzebuerg. (10 Oploen)
- Rinnen, Henri & Will Reuland, 1980. Petit dictionnaire français-luxembourgeois. Avant-propos de François Schanen. Luxembourg.
- Portugiesesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire portugais-luxembourgeois / Dicionário português-luxemburgês. Lëtzebuerg, Lycée Michel-Rodange, ëm 1980 (Neioplo 2003).
- Rinnen, Henri, 1988. Dictionnaire français-luxembourgeois. Lëtzebuerg.
- Zimmer, Jacqui. 6000 Wierder op Lëtzebuergesch. Zënter 1993 + CD (6 Sproochen)
- Christophory, Jul (éd.), 1996. English-Luxembourgish dictionnary. Esch-Uelzecht.
- Van Dijk, Theo, 1998. Dictionnaire Lëtzebuergesch-Hollännesch. CLAE, Lëtzebuerg.
- Kroemmer, M.-Th., J. Hansen & L. Roth, 2000. Mosaik-Steng. Eis Sprooch, Extraserie, Lëtzebuerg.
- Pantea-Keintzel, Cornelia, 2001. Wierderbuch Lëtzebuergesch-Ungaresch / Magyar-Luxemburgi Szótár. Lëtzebuerg.
- Pantea-Keintzel, Cornelia, 2002. Wierderbuch Lëtzebuergesch-Rumänesch. Bukarest.
- Caldognetto, Maria-Luisa & Jos Boggiani, 2003. Lëtzebuergesch-italieneschen Dictionnaire. CLAE, Lëtzebuerg.
- Dermann-Loutsch, Liette, 2003. Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg.
- Lulling, Jérôme & François Schanen, 2004. Luxdico.com - Dictionnaire bilingue Lëtzebuergesch > Franséisch. Esch-Uelzecht. (2. Oplo 2005)
- Dermann-Loutsch, Liette, 2006. Dictionnaire français-luxembourgeois. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg.
- Dupont, Jackie & Geisen, Patty, 2008. Basic Lëtzebuergesch 1500 Wierder thematesch opgebaut an op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch iwwersat.