Lëtzebuerger Online Dictionnaire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ass e véiersproochegen Online-Dictionnaire, an deem lëtzebuergesch Wierder mat der däitscher, franséischer a portugisescher Iwwersetzung stinn.
De Projet Lëtzebuerger Online Dictionnaire gëtt vun enger Aarbechtsgrupp ausgeschafft, déi vum Kulturministère agesat gouf. De 5. Februar 2007 ass en online gaange mat de Wierder vun "A" bis "Awunnerzuel". D'Wierder mat den Ufanksbuchstawen B bis Z, vun deenen der am Ufank och schonn e puer drastoungen, gi lues a lues dobäigesat. Et ass virgesinn, 2011 domat fäerdeg ze ginn.
All Artikel huet Beispillsätz aus engem lëtzebuergeschen Textkorpus, an et kann ee lauschteren, wéi d'Wuert ausgeschwat gëtt: bei Substantiven an der Een- an an der Méizuel; bei Verben am Infinitiv an am Perfekt. E Link erméiglecht et, Commentairen zu all eenzelne Lemma ze schécken.
D'Software ass esou ugeluecht, dass méi spéit nach aner Iwwersetzunge mat angebaut kënne ginn.