Bumba
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bumba ass eng grouss Bezirksstad am zentralafrikanesche Staat Demokratesch Republik Kongo am Bezirk deen och Bumba heescht . D'geographesch Koordinate vu Bumba sin: 2° 11' 4" N, 22° 28' 13" O.
Bumba läit an der Nordprovënz Equateur (Haaptstad Mbandaka) um rietsen Uwänner vum Kongo-Floss ongeféier 600 km flossopwäerts vu Mbandaka.
Bumba huet knapps 100.000 Awunner an ass domat op der 26. Plaz vun de Stied an der Demokratescher Republik Kongo.